Et ass och déi éischte Kéier, datt China ëffentlech erkläert, datt sech eng Militärübung géint eng Amëschung vu bausse riicht.
Deel vum Manöver si Schéissübungen a 5 Gebidder ronderëm d‘Insel. Dofir gëtt ënner anerem de Loftraum komplett gespaart.
D‘Autoritéiten aus dem Taiwan reprochéiere China den Net-Respekt vun internationalen Normen. Déi taiwanesch Arméi huet och scho mat enger Reaktioun op de chineesesche Militärmanöver gedrot.