Radioen

On air

9 bis 1  |  Alice Phoebe Lou - The World Above

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Taina Bofferding: “D’Caritas ass ausbludde gelooss ginn”

CARITAS-Spezialkommissioun

Taina Bofferding: “D’Caritas ass ausbludde gelooss ginn”

D’Oppositioun reprochéiert der Regierung net no Méiglechkeete gesicht ze hunn, fir d’Caritas nom Finanzbedruch vun 61 Milliounen ze retten.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Chamber-Spezialkommissioun | © Chambre des députés play_arrow
Foto: Chambre des députés

An der Caritas-Spezialkommissioun an der Chamber goufe gëschter um Méindeg Beamte vum Comité de suivi gehéiert, vun deem Comité also, deen am Summer vun der Regierung agesat gi war, fir praktesch a juristesch Punkte vu Caritas-Finanzskandal ze ënnersichen. 

Oppositioun: D’Regierung wollt d’Caritas net retten

No der Sitzung hunn d’Deputéierte vun der Oppositioun sech bestätegt gefillt, datt CSV an DP ni wëlles gehat hätte fir d’Caritas um Liewen ze halen.

De Comité de Suivi wier just agesat gi fir d’Sue vum Staat ze retten, an net fir no Léisungen ze sichen, esou d’Conclusioun vum lénken Deputéierte Marc Baum.

Och der LSAP-Fraktiounscheffin no wier kloer, datt et kee politesch Wëlle ginn hätt, fir d’Caritas ze retten: Et wier vun Ufank un de Plang gewiescht, eng aner ASBL ze grënnen, esou d’Taina Bofferding.

"An dass ni versicht ginn ass, mat der Caritas, mat deem Verwaltungsrot vun deemools, eben eng aner Pist auszeschaffe fir ze kucken, wéi een dat do nach hätt kéinten aneschters reegelen. Ech mengen, dat ass haut ganz kloer ervir gaangen, dass politesch de Wëllen net do war, an deementspriechend eben d’Caritas ausbludde gelooss ginn ass."

Dës Aschätzung deelt och déi gréng Deputéiert Djuna Bernard. Vum Comité de suivi wier een och gewuer ginn, datt den Dialog tëschent der Cellule de crise vun der Caritas an de Beamten aus dem Comité de suivi wuel net intensiv gewiescht wier, esou d’Djuna Bernard.

"Och notamment ronderëm déi international Aktivitéiten, et ass immens spéit eréischt, dass d'Beamten dovunner iwwer d'Press eppes gewuer ginn. Dat léisst jo awer och duerchaus déif blécken."

DP: Comité de suivi ass sengen Opträg nokomm

D’Regierungsparteien hunn d’Erklärunge vum Comité de suivi an der Sitzung vun der Caritas-Spezialkommissioun wuel anescht opgeholl. Fir d’DP-Deputéiert Carole Hartmann wieren d’Beamten aus dem Comité hire béiden Opträg nokomm: Nämlech d’Aktivitéite vu Caritas weiderhin assuréieren, an awer och Staatsgelder ze protegéieren.

"Herno ass et awer de Comité de crise vun der Caritas, deen en fait d’Decisioune geholl huet, a wéi eng Richtung dass et viru geet. Dobäi waren e Comité de crise an e Comité de suivi an enkem Austausch."

Dat gesäit och d’Kommissiounspresidentin Stéphanie Weydert vun der CSV esou. D’Erklärunge vum Comité de suivi wiere kloer gewiescht. D’Decisioun, fir d’Aktivitéiten net mat der Caritas, mee mat enger neier ASBL weider ze féieren, wier vum Krisecomité vun der Caritas geholl ginn.

Lauschterenplay_arrow