Um Terrain géif d'Caritas feelen.
“Ech mengen, dass et bedauernswäert ass, dass et eng Caritas mat deem Selbstverständnis, dat et gouf, haut net méi gëtt.”
Déi politesch Aarbecht, déi d'Caritas als Selbstverständnis empfonnt hätt, dat wier net méi do, esou d'Djuna Bernard. Elo géif et dorëm goen ze verstoen, firwat eng Caritas-intern Léisung gescheitert ass.
Vill Gewënner, awer och Verléierer
Vill Aktivitéite géifen awer weiderlafen an et wieren nom Caritas-Finanzskandal ganz vill Aarbechtsplaze gerett ginn: dat wier ze begréissen. Op där anerer Säit géifen eng Rei Plazen net weidergeféiert ginn.
“De grousse Verléierer vun der Situatioun ass de Volet international, wou et leider Gottes och vu Regierungssäit zu kengem Moment ee ginn ass, dee sech staark gemaach huet, fir deen dote Secteur ze retten. An dat ass awer e Constat, eng Datz, déi een der Regierung muss ausschwätzen an déi extreem bedauerlech ass.”
De Premier hätt am Summer d'Roll vum "grousse Krisemanager" no an no net méi erfëllt, esou d'Djuna Bernard. De Luc Frieden hätt et net fäerdegbruecht all d'Acteuren un een Dësch ze bréngen, d. h. de Bistum, d'Banken, d'Caritas an d'Acteuren aus dem soziale Secteur, huet déi gréng Deputéiert kritiséiert. Dat wier hirer Meenung no d'Roll vum Staat gewiescht.
An de Premier Luc Frieden hätt eppes gemaach, wat ganz vill Dieren zougemaach hätt.
“En huet ganz am Ufank gesot, dass e kee Vertrauen an d'Caritas huet. En huet d'Caritas zu enger, souzesoe Persona non grata gemaach. An domadder ware vill Dieren zou, och fir Investisseuren ze fannen, fir d'Leit un den Dësch ze bréngen, fir ze soen, okay komm mir investéieren awer weider an déi Philosophie vun där Caritas.”
Wéi ee Puzzle
Bei den Aarbechten an der Chamber-Spezialkommissioun Caritas géif d'Bild lues a lues méi komplett ginn.
“Et ass e bësse wéi e Puzzlestéck, wou een u sech schonn een Ufank vum Puzzle do leie gehat huet, mee et waren ëmmer rëm Lücken dran, déi sech no an no completéieren. An ech menge mir sinn nach net fäerdeg mat eisem Puzzle.”
D'Aarbecht an der Spezialkommissioun géif awer och mat sech bréngen, datt sech heiansdo erëm nei Froe géifen opdinn.
Der Djuna Bernard no wier et realistesch, datt d'Spezialkommissioun Caritas bis Mëtt Juni hir Conclusiounen zitt.