Sollten awer Etüden, déi an Optrag gi goufen, weisen, datt d‘Moleküll méi problematesch ass wéi geduecht, da géif et wéineg aner Mëttel ginn, wéi hirt Ausbréngen ze regléieren.
Nach wier et sou, datt dem aktuelle Wëssensstand no, déi bis elo gemoosse Konzentratiounen un TFA an der Ëmwelt net geféierlech si fir de Mënsch. D‘Waasserverwaltung géif eng ganz Rei Chemikalien ënnert d’Lupp huelen, dorënner och d’Trifluor-Esseg-Saier, sou hire lëtzebuergeschen Numm.
Resultater wäit ënner dem toxikologesche Wäert
TFA wier do op änlechen Niveaue festgestallt ginn, wéi elo an där europäescher Etüd. Et hätt ee verschidde Prouwe geholl, an d’Resultater dovu léiche wäit ënnert dem virleefegen toxikologesche Wäert, deen d’Direktioun vun der Santé virginn huet:
“Do leie mer dann, souguer bei deenen héchste Prouwen, déi da bis 900 Nanogramm ginn, mol net bei engem Zéngtel vun deem Wäert, dee mer eigentlech vun der Direktioun vun der Santé matgedeelt kréien.“
Jean-Paul Lickes stëmmt der Approche vum Mouveco zou
D’EU-Kommissioun hätt awer och eng Etüd an Optrag ginn, fir den Impakt vun TFA op d’mënschlech Gesondheet ze préiwen. Dobäi geet et ëm d‘Evaluatioun vun der Moleküll, déi net eleng am Drénkwaasser ze fannen ass. Well TFA sech an der Natur uräichert, wier ze kucken, datt se dat net mécht, betount de Jean-Paul Lickes:
“An deem Fall wär et eigentlech ganz sënnvoll, dass een déi Substanzen net méi ausbréngt. Dat ass natierlech eng länger Prozedur, an an deem Fall ginn ech dem Mouvement écologique ganz sécher an där Approche Recht.“
Verbuet vu PFAS-Pestiziden eenzeg raisonnabel Mesure
De Mouveco hat gefuerdert, datt den Asaz vu sougenannte PFAS-Pestizide sou séier wéi méiglech op europäeschem Niveau sollt verbuede ginn; TFA ass en Ofbauproduit vun deene PFAS-Pestiziden. Et géif nämlech, sou den Direkter vun der Waasserverwaltung, keng aner raisonnabel Moyene ginn, fir d’Belaaschtung mat TFA an ze Grëff ze kréien.
Well et TFA zum Beispill och a Kleeder gëtt, misst een Alternative fannen. Dat wier awer leider net vun haut op muer ze maachen. Wat d’Drénkwaasser ugeet, ass de Jean-Paul Lickes dogéint formell: Et ass dat bescht kontrolléiert Liewensmëttel hei am Land. Soudass een ouni Problem Waasser vum Krunn kéint drénken.