Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Someone Close

play_arrow Live
search

/ Syrien huet eng nei Regierung

Iwwer véier Méint nom Stuerz vum Assad

Syrien huet eng nei Regierung

Nom Stuerz vum Assad-Regimm a Syrien huet d'Land eng nei Regierung. De syreschen Iwwergangspresident Ahmed al-Scharaa huet säi Kabinett vun 22 Ministere gëschter um Samschdegowend virgestallt.

auto_stories

1 min

Syrien nom Stuerz vum Assad-Regimm. | © picture alliance / NurPhoto | Rami Alsayed
Syrien nom Stuerz vum Assad-Regimm. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Rami Alsayed)

Déi nei syresch Regierung iwwerhëlt vun der Iwwergangsregierung elo d‘Aufgab, en neie Staat opzebauen. Demokratesch Grondprinzippien, Transparenz an Toleranz géigeniwwer diverse reliéisen an ethnesche Gruppe géife respektéiert ginn, sot den islamisteschen Iwwergangspresident bei de Presentatioun vun der neier syrescher Regierung.

Mat der Christin Kabawat als Sozial- an Aarbechtsministerin ass fir d‘éischte Kéier eng Fra an der syrescher Regierung. Déi fréier Vertrieder vun de Rebellegruppen, déi deen ale Regimm gestierzt hunn, behale wichteg Posten, dorënner den Aussen- a Verdeedegungsministère.

Et gëtt erwaart, datt den Iwwergangspresident al-Scharaa d‘Aarbecht vun der neier Regierung wäert leeden. D‘Iwwergangsverfassung gesäit vir, datt a spéitstens fënnef Joer nei Walen a Syrien musse sinn.