Vum Stuerm betraff waren ënnert anerem d'Uertschaften Eaubonne an Ermont. Den Tornado huet Diecher vun Haiser mat gerappt, et gouf héije Materialschued.
arrow_back_ios
Noriichten
Schwéiert Onwieder
|Stuerm mat engem Tornado a Frankräich
Bei engem Stuerm mat engem Tornado am franséischen Departement Val d'Oise ass gëschter Owend op d'mannst eng Persoun ëm d'Liewe komm. Aacht Leit wiere blesséiert ginn, dovu wiere véier Persounen a Liewensgefor, esou d'Prefektur vu Val d'Oise.
Illustratioun Stuerm (Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Christoph Hardt/Geisler-Fotopres)