Zu den Doudesfäll koum et an der Gemeng Lavandou. Do an der Géigend war et zu engem uerge Wieder mat Staarkree komm. Der Prefekture no ass de Bilan nach nëmme provisoresch, an et wären eng 200 Pompjeeën am Asaz.
Weider ass et och zu Schued a Chaos komm. Am schlëmmste betraff war d‘Regioun Occitanie. Do konnte plazeweis kéng Zich méi fueren, well d‘Gleiser iwwerschwemmt waren.En TGV tëschent Paräis an Toulouse war bal dräi Stonne laang op de Gleiser blockéiert. Déi ronn 500 Passagéier goufen um Méindegowend dunn evakuéiert.