arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Canicule a Frankräich geet sou lues op en Enn

Virop am Norden

|
headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow

D'Canicule a Frankräich geet sou lues op en Enn

D’Temperaturen a Frankräich ginn erof. Op d‘mannst an der nërdlecher Hallschent vum Land. Um Samschdeg, um zéngten Dag vun der Canicule stinn awer am Süden a laanscht d’Atlantikküst nach 25 Departementer ënnert der zweethéchster Hëtztwarnstuf.

headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Am Departement Aude koum zu de schlëmmste Bëschbränn zënter 1947. | © picture alliance / NurPhoto | Marc Asensio
Am Departement Aude koum zu de schlëmmste Bëschbränn zënter 1947. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Marc Asensio)

An de leschten Deeg an Nuechte ware Météo-France no op ville Plazen am Land Temperaturrekorder gebrach ginn. 266 Meteosstatiounen am Land hunn tëschent dem 9. an 12. August eng Temperatur iwwer 40 Grad registréiert. Dat war am Verglach méi dacks wéi an der gesamter zweeter Hallschent vum leschte Joerhonnert. 

Bis e Méindegowend respektiv Dënschdegmoie soll dës Hëtztwell awer eriwwer sinn an d’Temperaturen am Land sech nees stabiliséieren.

Héich Bëschbrandegefor am Departement Aude

Iwwerdeems ass de Risiko fir e Bëschbrand haut am Departement Aude am Südweste vum Land sou héich wéi zanter 2016 net méi, mellen d’Prefektur an d’Pompjeeën. Dat wéinst den héijen Temperaturen an dem dréchene Wand. 

Eng 1.200 Pompjeeën stinn haut bereet fir ze reagéieren, sollt e Féier ausbriechen. De 5. August koum et jo hei zum schlëmmste Bëschbrand zënter 1947 bei deem iwwer 16.000 Hektar ofgebrannt waren. Och op anere Plazen am Süde fäert een haut weider Bëschbränn.

play_arrow Lauschteren