arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sträit ëm Drogenhandel - d’Fronten tëschent USA a Venezuela spëtze sech zou

International

|
headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Sträit ëm Drogenhandel - d’Fronten tëschent USA a Venezuela spëtze sech zou

D’Tensiounen tëschent den USA a Venezuela gi weider méi grouss. Um Freideg huet den US-President Donald Trump ugekënnegt, hie géif “geschwënn” op der Plaz géint déi venezuelanesch Drogendealer virgoen. De venezuelanesche President dogéint seet, et wéilt een hie stierzen.

headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Donald Trump vs Nicolas Maduro  | © Radio 100,7
Donald Trump vs Nicolas Maduro (Foto: Radio 100,7)

Den Nicolas Maduro huet verséchert, déi US-amerikanesch Militärmanöver wieren ee Versuch fir hien ze stierzen a fir un den Ueleg vum Land ze kommen, esou de venezuelanesche President.

An enger Videokonferenz sot den Donald Trump “Jiddereen huet schonn erkannt, datt Drogen net méi iwwer de Waasserwee geliwwert kënne ginn”. 85 Prozent vum Drogenhandel iwwer dee Wee wier schonn ënnerbonne ginn. An elo géif een och den Drogenhandel iwwer de Landwee stoppen, esou den Donald Trump.

Eng Korrespondenz vum Jean-Claude Gerez

play_arrow Lauschteren