Radioen

On air

Moiesstudio  |  Balthazar - Losers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stéphanie Weydert trëtt als Presidentin a Member vu Caritas Spezialkommissioun zeréck

Ethikcomité huet Ambiguitéit festgestallt

Stéphanie Weydert trëtt als Presidentin a Member vu Caritas Spezialkommissioun zeréck

D’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert trëtt mat effet immediat als Presidentin an als Member vun der Caritas Spezialkommissioun an der Chamber zeréck. Dat huet si an engem Communiqué matgedeelt.

auto_stories

1 min

D’Caritas hat ee Bréif un d’Chamber geschéckt an deem si Bedenken iwwert ee méiglechen Interessekonflikt vun der Stephanie Weydert geäussert hat. Dat well si nach als Affekotin bei Arendt&Medernach gemellt ass an déi vertrieden eng vun de Banken am Dossier. Doropshi gouf de Bâtonnier an den Ethikcomité vun der Chamber mat der Fro saiséiert.

De Bâtonnier hätt sech als net kompetent an der Fro erkläert, esou d’Stéphanie Weydert an hirem Schreiwes. Den Ethikcomité vun der Chamber hätt awer eng Ambiguitéit festgestallt. An datt de Risk géif bestoen, datt ee Lien kéint gemaach ginn tëscht hirer Fonctioun als Presidentin a Member vun der Spezialkommissioun an der Roll vun der Etude am Dossier.

Och wann am juristesche Sënn keen Interessekonflikt géif bestoen, géif si dach wéinst der Ambiguitéit zrécktrieden, esou nach d’CSV-Deputéiert. 

Der Stéphanie Weydert hire Partei- a Fraktiounskolleeg Laurent Zeimet ass wéinst Interessekonflikter d'Presidence a souguer d'Memberschaft vun där Spezialkommissioun guer net ugetrueden.