De Weibëschof Leo Wagener an de Finanzchef vum Bistum Marc Wagener stoungen den Deputéierten aus der Chamber-Spezialkommissioun “Caritas” um Mëttwochmoie Ried an Äntwert.
De Bistum hat keng 61 Milliounen Euro fräi
Kee vun der Caritas hätt sech bei him gemellt, fir ze soe wat geschitt ass, hat de Kardinol Jean-Claude Hollerich de 7. Oktober d’lescht Joer bei RTL gesot. Zum Zäitpunkt vun der Informatioun duerch eng Vertriederin vum Bistum an de Caritas-Verwaltungsréit, huet de Weibëschof Leo Wagener elo no der Sitzung vun der Spezialkommissioun gesot.
"Ech mengen, d’Plainte vun der Caritas war de 16. Juli. Den 19. Juli hu mir een E-Mail kritt vun der Madamm Ries, fir eis ze informéieren iwwer den Detournement. Also relativ fréi."
Am Oktober hat de Kardinol och gesot, datt de Bistum keng 61 Milliounen Euro fräi hätt, fir ze hëllefen. De lénken Deputéierte Marc Baum sot no der Sitzung, datt et ni drëms gaange wier, w.i de Kardinol behaapt huet, datt de Bistum gefrot gi wier fir 61 Milliounen Euro op den Dësch ze leeën.
"Dat eenzegt, wat si gefrot gi sinn, fir ze hëllefen, eng nei Struktur als Geldgeber mat ze grënnen. An do si mir a Montanten, déi wesentlech méi kleng sinn."
Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard erkläert, datt de Bistum duerchaus bereet gewiescht wier, eng Zomm vu bis zu enger hallwer Millioun Euro bäizeleeën.
"Si wieren net capabel gewiescht fir déi integral 5 Milliounen Euro, déi dee Moment am Raum stoungen, ze bezuelen, mee hätte sech als ee méiglechen Donateur ginn."
Dës Gespréicher wieren awer net weider gefouert ginn.
Ausso vum Premier wërft Froen op
Och den CSV-Deputéierten a President vun der Spezialkommissioun Charles Weiler huet bedauert, datt de Bistum net “déi aktiivste Roll am Dossier” gespillt hätt.
Theema an der Sitzung war och, datt et Pläng ginn hätte fir eng “Caritas NewCo” ze grënnen, esou de Sven Clement vun der Piratepartei.
"NewCo: Dat ass een Terme, deen u sech just Consultante benotzen, wa si eng Restrukturatioun maachen."
Eng Rei Deputéierter hu gesot, datt de Bistum Mëtt Juli 2024 doriwwer informéiert gi wier, datt de Premier Luc Frieden eng Zouso gemaach hätt, datt de Staat déi national Salairë bei der Caritas hätt wëllen iwwerhuelen. Dozou huet d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding sech allerdéngs Froe gestallt.
"Wéi kann et sinn, dass de Premier dann e puer Deeg duerno erausgeet a seet, d'Caritas kritt kee Su méi vun eis. Mee bon, dat ass dann elo eis Aufgab, deem nozegoen."
De Kardinol konnt net dobäi sinn
De Rescht vum Conseil vun der Fondatioun Caritas géif probéieren, eng forcéiert Liquidatioun ze verhënneren, esou nach de Weibëschof Leo Wagener. D’Zil wier et, Patrimoine am Wäert vu ronn 20 Milliounen Euro ze verkafen, fir domat Scholden ze begläichen.
"An dass als lescht nach eng Rescht-Caritas bleift, déi vläicht da rëm kéint nei ufänke ganz bescheiden."
De Bistum hat de Chamberpresident scho virun engem Mount informéiert, datt de Kardinol Jean-Claude Hollerich wéinst enger Auslandsrees net an der Sitzung konnt dobäi sinn.
Haut a 14 Deeg huet d’Spezialkommissioun dann een Echange de vues mam Marc Crochet, dem fréiere Generaldirekter vun der Fondatioun Caritas.