D‘ALEBA war do virdru guer net bei der Caritas vertrueden. Fir de President vun de Gewerkschaft, Robert Mendolia, wier dat Resultat ee Beweis, datt d‘Personal mat der Aarbecht vun der aktueller Delegatioun net zefridde war.
Et hätt ee virun enger Néierlag mat engem dramateschen Effekt profitéiert, virun allem a Bezuch op de Krisemanagement vun der fréiere Delegatioun, mengt de Robert Mendolia.
"Et donc, ils se sont tournés vers nous pour rompre, entre guillemets, avec certaines méthodes qu'il y avait avant, dans lesquelles l'ancienne délégation ne se reconnaissait plus."
Et wier ee sech awer och bewosst dat nach en Urteel géif ausstoen an d‘Resultat vun dëse Sozialwalen nach kéint annuléiert ginn. Den OGBL hat geklot, well senger Meenung no déi al Delegatioun hätt missen iwwerholl ginn a well nach kee Joer zënter de leschte Wale vergaangen ass.