arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staat offréiert 14,5 Milliounen Euro fir de Site vu Liberty Steel

Wirtschaft

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Staat offréiert 14,5 Milliounen Euro fir de Site vu Liberty Steel

De Staat huet eng Offer gemaach fir de Site vu Liberty Steel zu Diddeleng ze kafen an huet eng Zomm vu 14,5 Milliounen dofir proposéiert. Dat geet aus enger Äntwert vun de Ministere Marc Spautz, Lex Delles a Yuriko Backes op eng Question parlementaire ervir.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

D’Faillite vu Liberty Steel war viru méi wéi engem Joer deklaréiert ginn. Zënterhier huet ee Curateur d’Missioun déi beschten Offeren erauszesichen, fir Scholde kënnen ze decken.

Et bleiwe Scholden, notamment Paien a Preavisen, déi net ausbezuelt goufen, preziséiert de Robert Fornieri vum LCGB.

Déi meescht Salariéen hunn een neien Job

Wéi Liberty Steel zu Diddeleng am November zejoert Faillite deklaréiert huet, stoungen nach eng 120 Salariéen ënner Kontrakt. Eng Majoritéit hätt mëttlerweil een neie Job fonnt, erkläert de Robert Fornieri vum LCGB.

"Et il restait une trentaine de personnes encore en attente et qui étaient en recherche d'un job. Pour les autres, la plupart ont pu retrouver des jobs dans le secteur de l'industrie, que ce soit dans le pays ou alors dans leur pays de résidence. Mais quand même, la plupart, c'est quand même dans certaines industries du Luxembourg."

Am Fall vun enger Faillite hunn d’Salariéen d’Recht op 50 Prozent vum Preavis, dee si bei enger Entloossung zegutt gehat hätten. Ginn et net genuch Finanzmëttel, da kann een eng speziell Garantie vum Staat kréien, mat engem Plaffong, dee bei sechs Mol den net-qualifizéierte Mindestloun läit.

Virun allem Frontalieren, déi zu Diddeleng geschafft hunn

Duerch de Verkaf vum Site hofft een, datt déi gesamten Zomme kënnen ausbezuelt ginn, betount de Robert Fornieri.

"Ce que nous espérons, c'est qu'au moins cette offre, cette valeur de rachat puisse aussi couvrir le solde restant des créances due à la faillite pour chaque salarié. Ça, ce serait un point vraiment positif."

Zu Diddeleng hu virun allem Frontaliere geschafft. Déi, déi a Frankräich liewen, kréien am Fall vu Chômage de Preavis als reell Aarbechtszäit gezielt, a kréien da méi spéit hir Chômage-Indemnitéiten ausbezuelt. Ee Problem, dee mat de Ministèrë muss gereegelt ginn, erkläert de Robert Fornieri.

Just nach 5 bis 7 Leit wëllen eng Preretraite ajustement

Ee weidere Problem bei der Faillite ass dann och dee vun der Preretraite ajustement fir méi eeler Mataarbechter.

"Quand on a réussi à convaincre le curateur qu'il pouvait jouer ce rôle d'employeur remplaçant, puisque le cadre légal le prévoit, et suite à une faillite, et parce qu'il faut pouvoir faire une convention entre le ministère et l'entreprise, qui n'existait plus, et plus d'employeur, donc c'était le curateur. Lorsqu'on a réussi à arriver à ce stade là, on a eu des discussions difficiles d'interprétation juridique entre les parties."

De Robert Fornieri hofft, datt dee Problem mam neien Aarbechtsminister Marc Spautz ka gekläert ginn, esou de Robert Fornieri.

Waren et um Ufank nach eng 15 Persounen, déi déi Preretraite ajustement hätte wëllen ufroen, esou sinn et der mëttlerweil just nach 5 bis 7.

 

 

play_arrow Lauschteren