Den Aarbechtsminister Marc Spautz war gëschter net op der Pressekonferenz present, wou den Tripartitesaccord presentéiert gouf. De Grond: Keng vun de Mesurë muss säi Ministère direkt ëmsetzen, esou de Minister am 100,7-Interview.
Et hätt een natierlech eng Rei Hausaufgabe kritt, mee wat de Mesurëpak ugeet wiere seng “aner Kolleege gefuerdert.”
Keen Zweifel un de gudden Absichte vun de Sozialpartner
No der Tripartite ass och eng Zort Versprieche gemaach ginn: An Zukunft soll de Sozialdialog hei am Land nees a senger gewinnter Form geféiert ginn. D’Gewerkschafte wëllen de Comité permanent du travail et de l’emploi (CPTE) zum Beispill net méi boykottéieren.
De Marc Spautz verweist op de “Sennenger Geescht” a weist sech optimistesch, datt déi verschidde Sozialpartner hiert Wuert och halen.
“D’Gewerkschafte soten dat. Ech hu keen Zweifel drun, datt wa si dat soten, datt dat net och de Fall soll sinn.”
Do, wou am Dialog diskutéiert géing ginn, kéint den Toun och mol méi haart ginn oder d’Vuen auserneegoen, mierkt den Aarbechtsminister un. Mee d’Zil wier kloer: Am Interêt vun de schaffende Leit an der Wirtschaft hei am Land Accorde fannen.
Lëtzebuerg muss nees e séchert Ëmfeld bidden
De soziale Fridde wier jorelaang – zënter den 1970er Joren u sech – d’Aushängeschëld vu Lëtzebuerg gewiescht, betount den CSV-Politiker. Déi Tromp-Kaart vum soziale Fridde misst een egal wéi halen.
Nëmmen esou kéint een och nei Investissementer op Lëtzebuerg bréngen, wat nees der Wirtschaft hëlleft an nei Aarbechtsplaze schafe kann, erkläert de Minister. An engem sozial onsécheren Ëmfeld wéilt sech nämlech keen nidderloossen.
D'Preparatioun war de Schlëssel zum Erfolleg
D’Tripartite ass schlussendlech méi séier op en Enn gaangen, wéi déi meescht Leit gemengt haten. Vun Ufank u wier d’Stëmmung um groussen Dësch och positiv gewiescht, betount de Marc Spautz.
“Et war e positiivt Klima vun Ufank un. Et gouf positiv vun alle Säite geschwat. (...) Ech hunn d’Diskussioune ganz konstruktiv fonnt vun alle Säiten, dat huet een direkt gespiert.”
Hien ënnersträicht, datt déi bilateral Gespréicher, déi de Premier Luc Frieden am Virfeld vun der Tripartite geféiert hat, zu där positiver Stëmmung bäigedroen hunn.
D’Virbereedung op d’Tripartite wier deemno e wichtege Facteur gewiescht, seet de Marc Spautz.
“Doduercher war et méi séier méiglech, séier virunzekommen. (...) Wann en Eise waarm ass, muss een et schmieden.”
Nieft der Virbereedung spillt awer och de Suivi eng wichteg Roll. Am Oktober soll gekuckt ginn, wat vun de Punkten ëmgesat konnt ginn, a wat een nach net maache konnt.
Net alles kann zu Lëtzebuerg entscheet ginn
Den Aarbechtsminister betount weider, datt een an deene Beräicher, op déi een en Afloss huet, Mesurë gesat huet. D’Regierung hätt nämlech net op alles Afloss.
“Mir mussen d’Inflatioun an de Grëff kréien a Stabilitéit op Lëtzebuerg bréngen, an och an Europa. (...) D’Ongewëssheet duerch de Krich tëschent der Ukrain a Russland an den USA an dem Iran huet ganz grouss wirtschaftlech Auswierkungen. Déi Zwee ware sech net bewosst, wat si do aus ekonomescher Siicht géinge lasstrieden. Dat muss am internationale Kontext geléist ginn.”
Vill Betriber zu Lëtzebuerg géinge gär investéieren, seet de Marc Spautz, mee dat wier duerch déi aktuell Lag an de minimale Wuesstem am Land net méiglech.
Ginn onpopulär Moossnamen evitéiert?
Datt de Präis vu Bensinn an Diesel subventionéiert gëtt an net méi op den ëffentlechen Transport verwise gëtt als Alternativ fir den Transport, dat huet verschidde Leit verwonnert. Méi verwonnerlech ass, datt an der Chamber keen een eppes zu deem Punkt gesot huet. Wëllt een de Leit keng onpopulär Virschléi maachen?
De Marc Spautz léist dat net gëllen. Éischtens, well de gratis ëffentlechen Transport net an all Regioun vum Land gläichermoossen eng Alternativ duerstellt. Grad am ländleche Raum ass dat net evident.
Zweetens, esou de Marc Spautz, hätt d’Chamber an de leschte Jore genuch Texter en Faveur vum ëffentlechen Transport gestëmmt, esou datt een net soe kéint, dee Beräich wier der Politik egal.