arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staarken Ausbroch vu Meningite zu Canterbury an England mat schonn zwee Doudesfäll

Hirnhautentzündung

|
reading time

1 min

Staarken Ausbroch vu Meningite zu Canterbury an England mat schonn zwee Doudesfäll

Zu Canterbury am Südoste vun England gëtt et en aussergewéinlech staarken Ausbroch vun der Meningite. Zwou Persounen sinn an deem Kader schonn doru gestuerwen. En 21 Joer ale Student vun der Uni vu Kent an eng Secondaires-Schülerin. 15 Infektioune goufe bannent kuerzer Zäit nogewisen.

reading time

1 min

Eng brittesch Ambulanz | © EPA/NEIL HALL
Eng brittesch Ambulanz (Foto: EPA/NEIL HALL)

D‘Uni vu Kent huet en Impfprogramm géint d‘Meningite annoncéiert. Eng 5.000 Studenten a Studentinne solle géint d‘Meningite B geimpft ginn.

Experte ginn dovun aus, datt d‘Infektiounen sech warscheinlech duerch Kontakter an engem Nuetsclub vun der Uni ausgebreet hunn.

Nieft der Uni vu Kent hu fënnef Schoulen an der Regioun Infektioune confirméiert. Dobäi kommen honnerte Verdachtsfäll.