arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Internationale Pandemie-Accord gëtt haut um Dënschdeg ugeholl

Weltgesondheetsorganisatioun

|
headphones

2 min

Internationale Pandemie-Accord gëtt haut um Dënschdeg ugeholl

D’Joresversammlung vun der Weltgesondheetsorganisatioun huet haut um Dënschdeg zu Genf en internationalen Accord iwwert d’Präventioun an de Kampf géint Pandemien ugeholl. Fir Lëtzebuerg ass d’Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez op der Plaz. Dem Ofkommes sinn dräi Joer deels ganz intensiv Diskussiounen tëschent den 194 Memberlänner vun der WHO virausgaangen. Duerch den Text soll d’Welt besser op eng zukünfteg Pandemie virbereet sinn, wéi dat bei Covid-19 de Fall war.

headphones

2 min

Logo vun der WHO | © picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel
Logo vun der WHO (Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel)

Haaptelement vum Ofkommes ass e verstäerkten a méi séieren internationalen Austausch iwwer nei Krankheetserreeger tëschent Staaten a Pharmakonzerner. Dat, fir datt méiglechst séier Impf- oder Géigemëttel kënnen entwéckelt ginn, wann et nees zu enger Pandemie kënnt. DNA-Sequenze vu Pathogenen, also beispillsweis Viren oder Bakterien, sollen dofir och fräi zur Verfügung gestallt ginn.

D’Memberlänner verflichte sech och dozou, hir Gesondheetssystemer an d’Iwwerwaachung vun de Krankheeten am Déiereräich esou ze stäerken, datt Krankheetsausbréch séier entdeckt an eng groussflächeg Verbreedung méiglechst verhënnert ka ginn.

Fir den Eeschtfall preparéiert sinn 

Wann et awer nees eng Kéier zum Eeschtfall sollt kommen, sollen zukünfteg all Länner en Accès hunn zu Schutzmaterial, Medikamenter an Impfstoffer. D’Gesondheetspersonal soll weltwäit als éischt approvisionéiert ginn.

Wärend der Coronapandemie war et ëmmer nees zu Liwwerengpäss komm. Regierungen haten sech géigesäiteg Bestellunge streideg gemaach, verschidde Länner haten Exportspäre fir Masken a Schutzmaterial deklaréiert. A méi aarme Länner hunn d’Mënschen heefeg nach op hir éischt Impfdosis gewaart, wéi a méi räiche Staate schonn déi zweet oder Drëtt Dosis injektéiert gouf.

Garantie fir méi aarm Länner

Dofir ass am Pandemieofkommes vun der WHO en Technologietransfer virgesinn, fir datt och a méi aarme Länner Medikamenter an Impfstoffer kënne produzéiert ginn. Souwéi eng Garantie, datt méi aarm Länner fair mat Impstoffer versuergt ginn. Wärend der Corona-Pandemie waren d’Impfdosisse virun allem u räich Länner gaangen.

Impfstoffkonzerner sollen dofir bei enger nächster Pandemie der WHO 10 Prozent vun hirer Produktioun fir d’Verdeelung a méi aarme Länner spenden, a weider 10 Prozent zu engem gënschtege Präis ofginn. Den Detail vun dësem sougenannte Pabs-System muss awer nach ausgehandelt ginn.

Ausnamezoustand weiderhin national gereegelt 

Heescht dëst Ofkommes elo, datt d’WHO am Fall vun enger Pandemie iwwert den Ausnamezoustand kann decidéieren? Nee. Am Artikel 22 vun dësem Accord steet ausdrécklech geschriwwen, datt weder d’WHO, nach hire Generaldirekter national Mesuren, Rees-Aschränkungen oder Lockdowns kënnen decidéieren, an och net zu Impfungen zwéngen. De Vertrag gëllt och just a Länner, déi e ratifizéieren.

60 Regierunge mussen dat maachen, fir datt e kann a Kraaft trieden. Wann e Land senge Verflichtungen net nokënnt, sinn iwwerdeems keng Strofmoossname virgesinn.

Aktuell huet d’Weltgesondheetsorganisatioun nach 194 Memberlänner. D’USA an Argentinien hunn allerdéngs ugekënnegt, datt si sech aus der Organisatioun wäerten zeréckzéien.