arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nobelpräis Medezin: Dräi Immunfuerscher:inne ginn ausgezeechent

Wëssenschaft

|
headphones

1 min

Nobelpräis Medezin: Dräi Immunfuerscher:inne ginn ausgezeechent

Den Nobelpräis an der Medezin geet dëst Joer un dräi Immunfuerscher:innen: Un d’Mary Brunkow an de Fred Ramsdell aus den USA an un de Shimon Sakaguchi aus Japan.

headphones

1 min

© EPA / Claudio Bresciani / TT
(Foto: EPA / Claudio Bresciani / TT)

Déi dräi Fuerscher:inne ginn ausgezeechent fir hir Entdeckungen zu enger Form vun Immuntoleranz, déi verhënnert, datt den Immunsystem dem Kierper schued. Déi dräi Fuerscher:innen hätten de Grondsteen fir een neit Fuerschungsgebitt geluecht a si hätten d’Behandlungsmethode fir zum Beispill Kriebs an Autoimmunkrankheete virugedriwwen.

Dat huet d’Karolinska-Institut zu Stockholm um Méindegmoie matgedeelt.

De Präis ass mat ëmgerechent ronn enger Millioun Euro dotéiert.

D’Nobelpräisser ginn a gutt zwee Méint, den 10. Dezember, iwwerreecht, um Doudesdag vum Stëfter vum Präis, dem Alfred Nobel.