arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Speedmarathon: Zu Lëtzebuerg gouf schonn um 9 Auer den éischte Permis agezun

Trotz groussen Annoncen

|
reading time

1 min

Speedmarathon: Zu Lëtzebuerg gouf schonn um 9 Auer den éischte Permis agezun

Am Kader vum europäesche Speedmarathon goufen a ginn zu Lëtzebuerg de ganzen Dag iwwer verstäerkte Vitesskontrollen op de Stroosse gemaach. Zil vun der Campagne ass et op d’Gefore vun ze héijer Vitess am Stroosseverkéier opmierksam ze maachen. 

reading time

1 min

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

Och zu Lëtzebuerg wier dat nach ëmmer e grousse Problem an eng vun den Haaptursaache fir Verkéiersaccidenter huet den Direkter vun der nationaler Verkéierspolice Laurent Lentz erkläert.

Trotz villen Annonce passen d'Automobilisten net op

Um Bord vun enger vun de ville Kontrollen am spéide Moien, sot de Laurent Lentz, datt een de Moie schonn um 9 Auer den éischte Permis agezunn hat, well e Chauffer däitlech ze séier ënnerwee war. Obschonns annoncéiert gouf, datt haut méi Kontrolle wäerte sinn, géif ee vill Infraktioune feststellen, esou nach den Direkter vun der nationaler Verkéierspolice.

"Ech denken, wat ee ka maachen, fir ze sensibiliséieren, ass einfach net opginn a weiderhi Messagen erausbréngen, d'Leit wierklech probéieren drop unzeschwätzen, ze soen, hei d'Vitess ass e Problem, där sidd ze schnell."

Der Police no bleift d‘Haaptursaach vun déidlechen Accidenter op de Stroossen uechter Europa weiderhin dat ze séiert Fueren.