Dräi Rakéite waren a Richtung Norde vun Israel geschoss ginn, déi awer all interceptéiert goufen. De libanesesche Premier Nawaf Salam huet iwwerdeems virun dem Risiko vun engem neie Krich mat Israel gewarnt.
Am spéide Moien dunn huet den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu der Arméi den Uerder ginn, e puer Dosen terroristesch Ziler am Libanon unzegräifen. Direkt dono huet et vun der Arméi geheescht, et hätt een Ziler vun der Hisbollah am Süde vum Libanon an d’Viséier geholl.
Nëmme Minutte virum Uerder vum Benjamin Netanjahu hat d’libanesesch Arméi erkläert, datt si 3 Rakéitenofschossrampen am Süde vum Land zerschloen hätt.