arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Spannungen tëschent China a Japan eskaléieren

Rondrëm Taiwan

|
headphones

1 min

Spannungen tëschent China a Japan eskaléieren

China huet seng Bierger a Biergerinnen elo recommandéiert, den Ament net a Japan ze reesen. Chineesesch Fluggesellschafte soten, si géife Leit rembourséieren, déi schonn e Fligerticket fir a Japan kaf hunn.

headphones

1 min

EPA/JESSICA LEE | © EPA/JESSICA LEE
Japanesch Ambassade a China (Foto: EPA/JESSICA LEE)

Hannergrond vun de Spannunge si rezent Aussoe vun der neier japanescher Premier Ministesch Sane Takaichi. Si hat eng méiglech militäresch Interventioun vu Japan ugedeit, fir Taiwan géint eventuell Attacke vu China ze verdeedegen.