Bei enger Widderhuelung wëllt de franséische Wirtschaftsminister ufroen, datt Shein säin Accès op de franséische Marché gespaart kritt. Dat op Basis vun terroristeschen Handlungen, Drogenhandel a kannerpornographeschen Inhalter.
De Produzent seet senger Säits, datt dës Produiten e Sonndeg direkt vun der Plattform erofgeholl ginn wieren. An zwee Deeg soll de Masseproduzent säi weltwäit éischt Geschäft zu Paräis am Geschäftshaus BHV opmaachen.
De Proprietär vum BHV, nennt dee Virfall inakzeptabel, wëll awer trotzdeem un der Ouverture vum Shein Geschäft festhalen.