Déi sechs Mataarbechter:inne wiere scho viru knapp engem Mount vun den Islamiste festgeholl ginn. Zënterhier géif et keng Spuer méi vun hinne ginn.
Réischt e Sonndeg waren zwee afghanesch Mataarbechter vun der UNO-Hëllefsmissioun fir Afghanistan vun den Taliban festgeholl ginn, wéi den UNO-Büro zu New York confirméiert huet.
D‘Taliban regéieren zënter August 2021 an Afghanistan.