arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dräi Deeg laang Staatstrauer a Kolumbien wéinst dem schwéieren Äerdbiewen

Kolumbien

|
reading time

1 min

Dräi Deeg laang Staatstrauer a Kolumbien wéinst dem schwéieren Äerdbiewen

A Kolumbien huet d'Regierung no deem schwéieren Äerdbiewen eng dräi Deeg laang Staatstrauer ausgeruff. Bei dem Biewe mat enger Stäerkt vu 7,4 sinn dem leschte Bilan no 216 Mënschen ëm d'Liewe komm, Dausende goufe blesséiert.

reading time

1 min

© EPA/JUAN DIEGO LOPEZ
(Foto: EPA/JUAN DIEGO LOPEZ)

Déi kolumbianesch Fändele sollen op den ëffentleche Gebaier am Land an och op den Ambassaden a Konsulater am Ausland op Hallefmast gesat ginn.

Am Weste vu Kolumbien gëtt iwwerdeems weider intensiv no Iwwerliewende gesicht.