Den al-Assad hat säi Land 2011 an e Biergerkrich gestierzt an ass brutal géint déi eege Populatioun virgaangen. Wéi d‘Islamisten, déi elo un der Muecht sinn, am Dezember 2024 Damaskus gestierzt hunn, ass den al-Assad mat senger Famill op Moskau geflücht.
Russland huet de fréiere syresche President al-Assad bis elo net ausgeliwwert.
Nieft dem al-Assad ass och säi Cousin zum Doud verurteelt ginn. Hie war fréiere Chef fir Sécherheet a gouf verurteelt wéinst systemateschem Massemord, well hie brutal géint d‘Demonstrante virgaangen ass.