D'Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet deelt haut um Dënschdeg op hirem Internet-Site mat, datt e puer Produite vun de Marken NAN an Alfamino aus der Vente zeréckgezu goufen. Méi Detailler fënnt een um Site vun der Sécurité Alimentaire.
Nestlé betount op hirem Site, et wier eng preventiv Mesür. Bis elo wieren nach keng Fäll gemellt ginn, an deene Bëbeeën no der Consomatioun vun deene Produite krank gi wieren.