arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng grouss Ënnerscheeder an den Zuele wat d'Orientéierung nom Fondamental ugeet

Educatioun

|
reading time

1 min

Keng grouss Ënnerscheeder an den Zuele wat d'Orientéierung nom Fondamental ugeet

Den Educatiounsministère huet déi nei Zuelen iwwer d‘Orientéierung nom Fondamental verëffentlecht. Vu ronn 5.900 Schüler:innen aus der Grondschoul goufen deemno ronn 40 Prozent op eng 7ème am Classique orientéiert, a 46 Prozent op eng 7ème am Général.

reading time

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

A bal alle Fäll wieren d‘Elteren mat der Orientéierungs-Decisioun d‘Accord gewiescht. De sougenannten „taux de concordance“ tëschent den Elteren an den Enseignanten hiren Avisen louch bei 99,4 Prozent. 

14 Schüler:innen hunn de Cycle 4 net ofgeschloss an kruten deen ëm ee Joer verlängert. Dat entsprécht engem Taux vu 0,2 Prozent.