An Asie koum et zu schwéieren Onwiederen déi gréisser Iwwerschwemmungen an Äerdrutscher verursaacht haten.
Verschidde Regiounen, déi schwéier vun den Onwieder getraff goufen, wiere just iwwer Loftwee ze erreechen. Déi indoneesesch Autoriéiten hu Liewensmëttel an Hëllefsgidder iwwer deene Regiounen erofgelooss an Zaldote geschéckt fir de Leit ze hëllefen.
Och an Thailand an a Malaysia huet d'Onwieder d'Liewe vun Honnerte Mënsche kascht.