arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schluss mat Social Media fir ënner 16 Järeger an Australien

Verbuet trëtt a Kraaft

|
headphones

1 min

Schluss mat Social Media fir ënner 16 Järeger an Australien

An Australien trëtt de Verbuet vu Soziale Medie fir ënner 16 Järeger elo a Kraaft. Déi concernéiert Plattforme wéi Instagram TikTok oder YouTube, musse raisonnabel Mesuren en place setzen, soss dreet hinnen eng Geldstrof.

headphones

1 min

© picture alliance / imageBROKER | Md Mamun Miah
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Md Mamun Miah)

Zu deene Mesurë gehéiere beispillsweis d‘Kontroll vun de Pabeieren – woubäi do d‘Gefor besteet, datt sech Jonker ënner 16 mat enger Kaart vun engem eelere Bekannte kéinten umellen.

Eng weider Method wier ee Selfie, deen da vun enger KI ausgewäert, an den Alter ageschat gëtt. Och do besteet d‘Gefor, datt d‘Aschätzunge vun der KI kéinte falsch leien.

Zesummespill vu verschiddene Mesuren

Eng weider Mesure ass d‘Analys vum Behuelen. Esou huet Meta, de Mammekonzern vu Facebook, ugekënnegt, datt een unhand vum Behuele vun de Usere kéint feststellen, wie soll enger weiderer Kontroll ënnerzu ginn, a wien definitiv iwwer 16 Joer al ass.

Déi australesch Kommissärin fir d‘Online-Sécherheet huet iwwerdeems proposéiert, datt een Zesummespill vun all deene Mesurë wuel dat effikasst wier, och wann ee sech bewosst wier, datt och déi Kontrolle keng 100-prozenteg Garantie wieren, datt keng ënner 16 Järeger méi op de Soziale Medie wieren.