arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi Brittesch Regierung steet hanner der BBC

No Diffamatiounsklo vum Trump

|
headphones

2 min

Déi Brittesch Regierung steet hanner der BBC

Déi brittesch Regierung steet hanner der BBC, nodeems den US-President Donald Trump hir mat enger Diffamatiounsklo a Milliardenhéicht gedrot huet. Mee den Drock vun der konservativer Säit bleift.

headphones

2 min

EPA/ANDY RAIN | © EPA/ANDY RAIN
BBC (Foto: EPA/ANDY RAIN)

Am Parlament waren d'Deputéiert sech gëschter um Dënschdeg emol alleguer eens: d'BBC hätt e schwéiere Feeler gemaach, wéi se een Dokumentarfilm ausgestraalt huet, an deem eng Ried vum Donald Trump esou zesummegeschnidde gouf, datt se falsch interpretéiert konnt ginn.

Et goung ëm seng Ried de 6. Januar 2021, déi op der BBC geklongen huet, wéi wann de President seng Sympathisanten opgefuerdert hätt, de Kapitol zu Washington ze stiermen. 

Reputatioun vun der BBC a Gefor

Déi konservativ Politiker:innen hannerfroen an hirer Kritik d'Motivatioune vun der BBC.

Den ëffentleche Sender géing senger Verflichtung op Onparteilechkeet net méi nokommen a misst sech onbedéngt beim Donald Trump an dem brittesche Public entschëllegen, esou de Kulturminister vun der konservativer Oppositioun, den Nigel Huddleston. Soss hätt dat schlëmm Auswierkungen op d'Reputatioun vun der BBC an op d'Steierzueler, déi d'BBC duerch eng Tëlees-Steier finanzéieren.

Net just e Sender, mee eng international Institutioun

D‘Kulturministesch Lisa Nandy seet, d'BBC wier net institutionell parteiesch, a géing jo schliisslech vun alle Säite kritiséiert ginn. Si erënnert, datt d'BBC net nëmmen ee Sender ass, mee eng national Institutioun, déi jidderengem gehéiert an och am Ausland immens wichteg ass.

"Et ass e Leitbild fir d‘Mënschen a Groussbritannien a ronderëm d‘Welt. Vertrauenswierdeg Noriichtequellen a qualitativ Sendunge si fir eist demokratescht a kulturellt Liewen immens wichteg. Alleguer hei am Parlament solle mir dat schätzen, ënnerstëtzen a vehement verteidegen."

Esou d‘Lisa Nandy. Si huet ugekënnegt, datt d'Royal Charter vun der BBC geschwënn iwwerpréift gëtt, an datt eng ëffentlech Consultatioun geplangt ass.

Dem Donald Trump seng Affekote fuerdere vun der BBC, datt de Reportage bis e Freideg zeréckgeholl gëtt, datt d'Organisatioun sech entschëllegt an dem President Schuedenersatz bezilt.