Deemno sollen den Organisatiounen NPR fir de Radio a PBS fir d‘Televisioun am ganzen 1,1 Milliarden US-Dollar entzu ginn. Den Donald Trump reprochéiert hinnen, ze vill lénks-orientéiert ze sinn a géint déi republikanesch Partei ze sinn.
D‘Representantenhaus huet de Kierzunge schonn zougestëmmt. Well de Senat awer keng Ännerungen virgeholl huet, mussen d‘Deputéiert nach eemol ofstëmmen.
D‘Kierzunge betreffen iwwer 1.000 virun allem kleng a lokal Senderen, déi staark op staatlech Subventiounen ugewise sinn.