Déi verdächteg Persoun gouf am Dezember un déi Lëtzebuerger Autoritéiten iwwerginn.
D‘Persoun gouf haut um Freideg dem Untersuchungsriichter virgestallt an ass elo an Untersuchungshaft. Eng zweet verdächteg Persoun an deem Dossier gouf en Dënschdeg festgeholl. Dës Persoun sëtzt scho wéinst aneren Doten am Prisong.
Bis ewell goufe méi wéi 10 Affer identifizéiert mat engem Gesamtschued vu ronn 113 Dausend Euro.
Zu Lëtzebuerg ginn ëmmer nees presuméiert "Money Mules" festgeholl. Allgemeng géifen et ëmmer méi Cyberattacken zu Lëtzebuerg ginn, hat de Finanzminister Gilles Roth zejoert erkläert.