12 Verdächteg hu géint 1 Auer an der Nuecht Lokalzäit aus zwee Autoen op Gäscht vun enger Bar geschoss. D‘Motiv vun der Dot ass nach net bekannt.
Déi blesséiert goufen an d‘Klinik bruecht.
Südafrika kämpft zënter Jore géint d‘Kriminalitéit. D‘Land huet weltwäit ee vun den héchste Kriminalitéitstauxen.
63 Mënschen pro Dag ëmbruecht
D‘Kriminalitéit verbreet sech wéinst der viller Aarmut, sozialer Ongläichheet an ineffiziente Perquisitiounen.
Virun allem den Taux un Doudschlag ass besonnesch héich. Tëschent Abrëll a September sinn all Dag ronn 63 Mënschen ëmbruecht ginn, esou d‘Zuele vun der südafrikanescher Police.
Och Korruptioun a Muechtmëssbrauch si wäit verbreet.