D‘Organisatioun Reprieve, déi sech weltwäit géint d‘Doudesstrof asetzt, gehäit Saudi-Arabien beim Ausübe vun der Doudesstrof Verstéiss géint dat internationaalt Recht vir.
Ënner den Higeriichten dëst Joer a Saudi-Arabien wieren zwee jonk Männer gewiescht, déi nach mannerjäreg gewiescht wieren, wéi si zum Doud verurteelt gi waren, esou d‘ONG.
Zwee Drëttel vun de Betraffene wiere wéinst Drogendelikter higeriicht ginn. A ville Fäll wéinst dem Besëtz vu Cannabis.
D‘ONG kritiséiert och, datt d‘Famille vun den Higeriichten net iwwer hiren Doud géifen informéiert ginn.