search

/ Sanktioune géint kubanesche President an Autoritéiten - Trump wëllt politesche Wandel

USA/Kuba

|
reading time

1 min

Sanktioune géint kubanesche President an Autoritéiten - Trump wëllt politesche Wandel

D'USA hu Sanktioune géint de kubanesche President Miguel Diaz-Chanel, seng Famill a verschidde kubaneschen Autoritéite verhaangen. Domat gëtt den Drock op de sozialistesche Regimm weider erhéicht.

reading time

1 min

Miguel Diaz-Canel | © EPA/ADALBERTO ROQUE/ POOL
Miguel Diaz-Canel (Foto: EPA/ADALBERTO ROQUE/ POOL)

An der Lescht hat den US-amerikanesche President Donald Trump e puermol eng Reprise vum ugeschloenen Staat an d‘Spill bruecht. Mat neie Sanktiounen an enger Uelegblockad wëllt den Trump de wirtschaftlechen a politesche Wandel erzwéngen.

Den Diaz-Canel huet de Moien déi US-amerikanesch Decisioun verurteelt. Et wier en Zeeche vun Aggressivitéit a Perversioun. Mat de Sanktioune soll dem kubanesche Vollek geschuet ginn, esou dem kubanesche President säi Virworf.