De Kinnek Charles gouf dann och e puer politesch Messagen, déi de Meenunge vum President Donald Trump zum Deel widderspriechen. Zum Beispill huet den Charles d‘Bedeitung vun der NATO ervirgehuewen, an datt et essentiel wier, d‘Ukrain weider ze ënnerstëtzen.
Den Donald Trump huet an de leschte Méint d‘NATO kritiséiert an esouguer mat engem Ausstig vun den USA gedreet.
De brittesche Kinnek huet och de Klimawandel an Ëmweltschutz thematiséiert. D‘Natur wier de Mënschen hir wäertvollst Ressource a misst geschützt ginn, sot hien. Den Donald Trump seet, déi vu Mënsche verursaacht Äerderwiermung wier eng Falschinformatioun.
Den Iran huet de Kinnek Charles a senger Ried net erwäänt. Op engem Banquet am Wäissen Haus sot den Donald Trump, d‘USA hätte militäresch géint den Iran gewonnen.