arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den US-President Trump schwätzt vu "fantastesche" kommerziellen Accorde mat China

USA/China

|
reading time

1 min

Den US-President Trump schwätzt vu "fantastesche" kommerziellen Accorde mat China

Dem Donald Trump seng Visitt a China ass eriwwer, hien huet Peking verlooss. Eegenen Aussoen no hätt China, nieft de kommerziellen Accorden, hir Hëllef ugebueden, fir datt d'Mieresstrooss vun Hormus nees fir de Schëffstransport opgeet.

reading time

1 min

© EPA/RITCHIE B. TONGO
(Foto: EPA/RITCHIE B. TONGO)

Detailer doriwwer, wéi China sech an deem Konflikt tëschent den USA an dem Iran wëllt abréngen, sinn net bekannt. Den Trump sot ënner anerem. China wéilt Pëtrol a landwirtschaftlech Produiten vun den USA akafen, grad ewéi 200 Boeing Fliiger. 

De chineesesche President Xi Jinping huet vun enger Verbesserung an der Relatioun tëschent den zwou gréisste Wirtschaftsmuechte geschwat. Allerdéngs waren och d'Spannunge visibel. Ënner anerem beim Sujet Taiwan, wou de chineeesche President d'USA virun engem Agrëff gewarnt huet. 

Trump: Peking wier géint dem Iran säin Atomprogramm 

Wat de Krich am Noen Osten ugeet, huet de chineesesche President an engem Interview mat Fox News betount, China géif dem Iran kee militärescht Material liwweren. Den Donald Trump no wier de chineesesche Staatschef Xi Jinping "och absolutt dovunner iwwerzeegt", datt den Iran keng Atomwaffe besetzen dierf. Aus dem Iran heescht et, et wier een "oppen" géintiwwer Peking, als méigleche Mediateur fir de Krich am Noen Osten.  

Wladimir Putin wäert och a China reesen 

A kuerz nom Depart vum Donald Trump huet Moskau ugekënnegt, dass de russesche President Wladimir Putin och geschwënn a China wäert reesen. En Datum gouf nach et genannt, mä et wier alles virbereet, esou de Kreml.