Op wéi enger Basis gouf den Accord tëschent dem Sportsminister an dem Promoteur ënnerschriwwen? Wisou ass d’Administration des bâtiments publics net domat beoptraagt ginn ze kucken, ob et an deem Gebai machbar ass e Sportsmusée ze etabléieren? Wisou krut de Proprietär vun deem Gebai deen Optrag? Wisou goufe keng Ausschreiwunge ronderëm déi Aarbechte gemaach? Wat wosst de Regierungsrot?
Dat sinn nach laang net alleguer d’Froen, déi d’Sam Tanson sech am Dossier Sportsmusée stellt. Virop weist si sech awer beonrouegt, wann net erschreckt, iwwer d’Ausso vum Premier Luc Frieden e Méindeg, datt hien net all d’Detailer vum Dossier géif kennen. Dat géif ganz vill Froe ronderëm de Fonctionnement vun der Regierung dem Regierungsrot opwerfen, esou d’Sam Tanson.
Wéi vill wosst de Regierungsrot?
Et géif sech d’Fro stellen, wéi et méiglech ass, datt esou en Dossier, deen net konform ze si schéngt, duerch de Regierungsrot kéint goen, betount d’Sam Tanson.
“Mir wëssen, Stand haut, net wat genee de Regierungsrot wosst an a wéi fern déi aner concernéiert Ministeren (de Finanzminister an och d’Bauteministesch) informéiert waren. A wéi et da méiglech ass – et gëtt jo an all Ministère e Controlleur financier: Huet deen dat Dokument duerch goe gelooss? Wann net, wéi konnt et dann awer duerchgoen? Wat ware seng Bedenken?”
Elo géif ee sech vun der Majoritéit erwaarden, datt een all déi gefroten Dokumenter och géif kréien.
“Et geet eis net ëm d’Persoun Georges Mischo, mee drëm wat schif gaangen ass a wéi et esouwäit konnt kommen”, esou déi gréng Deputéiert. Et misst een evitéieren, datt sech esou eppes an der Zukunft widderhëlt.
Et wier och net e “Constat d’échec vun enger Persoun”, ma dee vun enger ganzer Regierung.