D’FLF hat jo annoncéiert, datt eng Ethikkommissioun soll klären, ob et fir de Gerson Rodrigues eng Zukunft an der Nationalekipp ka ginn.
De Minister Georges Mischo huet dorun erënnert, datt hien zesumme mat der Ministerin Yuriko Backes (DP), déi Responsabel vun der FLF geruff hat, fir iwwer déi verschidde Virfäll ze schwätzen. Dobäi hätt een de Wonsch vun der Regierung däitlech gemaach, datt et eng Ethikkommissioun fir all d’Sportaarte soll ginn, also net nëmme fir d’Fussballsfederatioun.
An der Kommissioun solle Leit aus verschiddenen Institutioune a Ministèrë vertruede sinn. Zesumme mam Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois soll d‘Kommissioun am Hierscht op d‘Been gestallt ze kréien.
"(...) fir net nëmmen de Fussball, awer och aner Federatiounen, aner Fäll, wou mer dann héieren am Basket hate se och Problemer mat Gewalt, wou och ënnert d'Ethik fält, dass mer déi alleguerten do kënnen traitéieren an net eng Ethikommissioun hunn, fir eng Federatioun ze jugéieren."
Déi 40 Deputéiert vun CSV, DP an ADR hunn de Moien an der Chamber géint eng Motioun gestëmmt, am Kontext vun enger Gläichbehandlung tëschent den Equippe vu Fraen a Männer an de Jugendequippen am Fussball. Doran haten déi Gréng, d’LSAP, déi Lénk an d’Piratepartei ënner anerem vun der Regierung gefuerdert, datt si eng onofhängeg Evaluatioun vun de Gouvernance-Praktike bei der FLF soll an Optrag ginn.