Op eis Nofro bei der FLF hinn, heescht et de Moien: Déi Blesséiert hätten d‘Klinik nees verlooss. Si hätte beim Accident „Gléck am Ongléck“ gehat. Der regionaler Zeitung Le Télégramme no, war de Bus ëmgekippt an op der Säit leie bliwwen.
D‘FLF huet d‘UEFA gefrot, dee geplangten EM-Qualifikatiounsmatch vun der U21 den Owend zu Lorient géint Frankräich ze verleeën. D‘UEFA soll hir Decisioun am Laf vum Moie bekannt ginn.
Härennationalekipp verléiert géint Nordirland
D'Lëtzebuerger Häre-Fussballnationalekipp huet dann den Donneschdeg den Owend deen éischte WM-Qualifikatiounsmatch 1-3 géint Nordirland verluer. Deen zweeten ass schonn iwwermuer: E Sonndeg spillt Lëtzebuerg heiheem géint d'Slowakei. Déi huet gëschter Owend iwwerraschend mat 2-0 géint Däitschland gewonnen.