Et war schonn en aussergewéinlecht Erliefnes, déi Participatioun beim Eurovision Song Contest, och wann am Hannergrond mam Jury vill Magouillë gelaf sinn. D'Monique Melsen, déi an Irland mat hirem Lidd "Pomme, Pomme" schonn zum Krees vun de Favoritte gezielt huet, krut awer gesot, si soll sech net all ze vill Hoffnunge maachen.
D'Monique Melsen hat fir hiren Optrëtt schéin, laang Kleeder matgeholl, mee well ee gemierkt huet, datt eppes net géif passen, hu si d'Tenue gewiesselt. An aus de schéine laange Kleeder goufen dunn Hot-Pants an een orangë Pullover a Strëmp, déi hire Monni hir gestréckt hat. D'Monique Melsen hat awer keng Schong fir derbäi. Si sinn iwwerall no Schong kucke gaangen, mee orange Schong hu si keng fonnt. Um Enn huet d'Monique Melsen sech du wäiss lacke Schong kaf.D'Léisung fir de Problem louch du bei den Taxichaufferen, déi op hiren Taxien esou eng orange Sträif haten. Si sinn du mam Taxichauffer a säin Atelier gefuer a kruten do eng Këscht mat dësem orangë Lack.
"An déi Schung: all owes kruten déi eng Couche, an ech konnt se wierklech just undi fir op d'Bün. An herno, do war dat alles erofgebréckelt. Dat war Autoslack."
An esou goufe virun all Optrëtt d'Schung frësch ugestrach!