De franséische President hat um Mëttwochowend a senger Televisiounsusprooch erkläert, datt Russland och Europa géif bedreeën an datt ee misst driwwer schwätzen, wéi Europa mat franséischen Nuklearwaffe kéint geschützt ginn.
Frankräich huet um Donneschde confirméiert, datt déi eege Geheimdéngschter d‘Ukrain mat Informatioune géife versuergen.
Weider Attacken op d'Ukrain
Russland huet d‘Ukrain op en neits an der Nuecht attackéiert. Zu Krywyj Rih am Südoste vum Land gouf en Hotel getraff, véier Leit sinn do ëm d‘Liewe komm, iwwer 30 goufe blesséiert. Kuerz virdru solle Fräiwëlleger vun enger humanitärer Organisatioun am Hotel aquartéiert gi sinn. An der Gebuertsstad vum President Selenskyj goufe bei dëser Attack och eng ganz Rei vu Wunnhaiser a Geschäfter beschiedegt.
EU-Krisesommet zu Bréissel
Zu Bréissel ass haut e Krisesommet vun der EU: d’Staats- a Regierungscheffen aus de 27 Member-Länner sinn zesummen, fir iwwert déi Europäesch Defense an d’Ënnerstëtzung vun der Ukrain ze schwätzen. Och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj reest an déi belsch Haaptstad.
Konkret Decisioune ginn op dësem Sommet net erwaart.