Déi Persoun, eng 43 Joer al Russin, gouf op Grond vun engem europäesche Mandat d’arrêt a Portugal festgeholl.
Si gouf mëttlerweil un déi Lëtzebuerger Justiz ausgeliwwert. Datt et esou laang gedauert hätt éier de Parquet doriwwer informéiert huet, hätt dermat ze dinn datt d’Enquête zu deem Zäitpunkt nach net ofgeschloss war.
40 Fraen iwwer Internetsitten recrutéiert
De Parquet verdächtegt déi Fra, an der Period tëschent 2020 an 2026 ee strukturéierte Prostitutiounsreseau um Lëtzebuerger Territoire geleet ze hunn. Si hätt iwwer Internetsitte 40 Frae recrutéiert, déi meescht dovunner aus der Ukrain oder Russland.
D’Affer wieren dozou forcéiert ginn an Appartementer oder an Hotelszëmmer sexuell Prestatiounen ze liwweren. D’Akommes wier zum Deel fir d’Organisatioun gewiescht. Dem Parquet no, louchen d’Profitter vun deenen illegalen Aktivitéite bei enger hallwer Millioun Euro.