arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei enger Kontroll um Fluchhafe Findel goufen 58 Kilo Marihuana entdeckt

Douane

|
reading time

1 min

Bei enger Kontroll um Fluchhafe Findel goufen 58 Kilo Marihuana entdeckt

D'Douane huet bei enger Kontroll vun enger verdächteger Liwwerung am Cargo Center um Findel 58 Kilo Marihuana entdeckt. D'Liwwerung gouf zu Singapur fortgeschéckt an hätt sollen zu Mailand ukommen.

reading time

1 min

© Administration des douanes et accises
(Foto: Administration des douanes et accises )

D'Droge waren an Autossëtzer verstopppt, deelt de Parquet mat. 

De Parquet weist a sengem Communqiué och drop hin, datt d'Methode vum Drogentraffik ëmmer méi sophistikéiert ginn, andeems - wéi an dësem Fall - d'Drogen an Alldagsgéigestänn verstoppt ginn. 

© Administration des douanes et accises
(Foto: Administration des douanes et accises )