arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Justiz: Weider Mesurë fir géint de Personalmanktem virzegoen

Aarbechtswelt

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Justiz: Weider Mesurë fir géint de Personalmanktem virzegoen

Fir dem Personalmanktem an der Justiz entgéintzewierken, si weider Mesurë geplangt. D’Justizministesch Elisabeth Margue setzt dobäi op nei Riichterposten, méi Flexibilitéit beim Recrutement an eng méiglech Revalorisatioun vun de Paien.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Et wiere weider Mesurë virgesinn, fir dem Personalmanktem an der Justiz entgéint ze wierken: Dat äntwert d’CSV-Justizministesch Elisabeth Margue op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Dan Biancalana. Dee wollt wëssen, ob de Recrutement an der Justiz géif weider goen an ob d’Fonctioun vum Riichter an Zukunft méi géif valoriséiert ginn.

94 nei Riichterposten a weider optimistesch

D’Ministesch erënnert virop un d’geplangte Schafen (bis 2027) vu 94 neie Riichterposten a vun 20 Attaché de justice-Posten. An dorun, datt d’Konditiounen, fir an d’Magistratur ze kommen, opgemaach goufen, virun allem bei den Attachés de justice, därer dëst Joer 42 agestallt gi wieren. Soudatt ee kéint optimistesch sinn, datt d’Posten, déi an der Magistratur opstinn, no an no kéinte besat ginn.

Donieft wier virgesinn, datt d’Verwaltungsgeriicht siwe Riichter:inne bäikritt, am Kader vum Schafe vun engem Tribunal de l’asile et de l’immigration. Och wiere fënnef Poste fir eng nei Appelinstanz am penale Beräich geplangt an néng Posten am Wirtschafts- a Finanzrecht.

Wann néideg, géife weider geziilt Verstäerkunge proposéiert ginn. Der Elisabeth Margue no misst ee virun allem den Tribunal administratif am A behalen, wou vill Posten opstinn an et strukturell Rekrutementsproblemer géif ginn. Déi éischt Instanz vum Verwaltungsgeriicht misst dowéinst entlaascht ginn, wat eng vun de Prioritéite vum Ministère wier.

Revalorisatioun vun de Paie méiglech

Verschidde Missioune kéinten an Zukunft och vu Riichter:innen an der Pensioun iwwerholl ginn, heescht et an der Äntwert op d’Question parlementaire, wéi zum Beispill déi als Friddensriichter. Dat wier awer net kuerzfristeg ëmzesetzen. Wann een déi lescht Recrutementscampagnë kuckt, da wier d’Attraktivitéit vun der Magistratur reell, esou d’Justizministesch.

No der Campagne vun der Sessioun 2026/27 sollt e Bilan gezu ginn, genee wéi am Kader vum pluriannuelle Programm. A puncto Recrutement vun Attachés de justice da sollt d’Formatioun verstäerkt ginn.

Wat d’Paien an der Magistratur ugeet, wiere verschidde Graden an der Zäit net revaloriséiert ginn. Dat kéint zu enger manner grousser Attraktivitéit vum Beruff féieren. Dofir géif eng Revalorisatioun an d’A gefaasst ginn, betount d’Elisabeth Margue.

play_arrow Lauschteren