arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Rout Léiwe kasséiere batter Néierlag géint d'Slowakei

WM-Qualifikatioun

|
headphones

2 min

Rout Léiwe kasséiere batter Néierlag géint d'Slowakei

Zweemol Potto an een extreem knappen Abseitsgol: D'Lëtzebuerger Fussballnationalekipp war ganz no drun, de Match géint d'Slowakei ze gewannen. Um Enn steet d'Ekipp vum Nationaltrainer Jeff Strasser awer mat eidelen Hänn do.

headphones

2 min

Gëschter um Sonndegowend huet d'Lëtzebuerger Fussballnationalekipp vun den Hären hiren zweete Match vun der Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2026 gespillt. No enger Defaite am éischte Match géint Nordirland war gëschter d'Slowakei op Besuch, déi en Donneschdeg mat 2:0 géint Däitschland gewonnen hat.

Déi besser Ekipp

Am bal ausverkaafte Stade de Luxembourg konnten d'Rout Léiwe wéi sou oft op d'Ënnerstëtzung vun de Gradinen zielen. An obschonns d'Lëtzebuerger an der éischter Hallschent Chancen hate fir e Gol ze schéissen, ass et mat engem 0:0 an d'Paus gaangen.

Och an der zweeter Hallschent huet d'Ekipp vum Jeff Strasser e gudde Match gewisen, mee et ass hinnen och hei net gelongen, den 1:0 ze schéissen. An esou koum et wéi et huet misse kommen an d'Slowakei huet mat enger vun hire wéinege Chancen an der 90. Minutt hirersäits den 1:0 geschoss. 

Jeff Strasser bleift optimistesch

Fir de Jeff Strasser heescht dëst Resultat, datt hien och säin zweete Match als Trainer vun der Lëtzebuerger Fussballnationalekipp verléiert. D'Enttäuschung war nom Match grouss, mee de Jeff Strasser huet probéiert. déi positiv Aspekter ervirzehiewen.

"De Matchplan hätt kéinte perfekt Sinn, wa mir gewonn hätten oder wa mir gläichgespillt hätten. Wann ech haut virum Match nach eng Kéier kéint wielen, géif ech genau deen nämmlechte wielen. An dat soll eis einfach positiv stëmmen, trotz dem Resultat, leider Gottes. Mee d'Jonge sinn alleguerten ambitiéis. An d'Jonge wëlle sech net zefridde gi mat deem Resultat. An den Trainer an de ganze Staff wëllt sech och net mat deem Resultat zefridde gi. Ech mengen, et muss een dissociéieren de Contenuan d'Resultat."

Iwwer déi zwee Matcher gekuckt wier hien dofir zefridde mat der Leeschtung vu senger Ekipp.

"D’Resultat muss een haut ausschléissen, obwuel Fussball ëmmer en Ergebnissport ass. An dat ass haut no 2 Matcher mat 0 Punkten. Dat wësse mir. Gesi mir d’Glas hallef voll oder hallef eidel? Ech gesinn et haut éischter hallef voll."

Fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp geet et am Oktober mat der WM-Qualifikatioun weider. Da musse si auswäerts géint d'Slowakei an Däitschland untrieden.

Eise Reporter Pit Beffort war am Stade de Luxembourg an huet d'Andréck vun de Supporter gesammelt.

play_arrow Lauschteren