Nach ass de Rapport net public. Franséische Medien no géif beispillsweis am Rapport proposéiert ginn, datt de 4 Milliarden Euro Budget fir France Télévision a Radio France soll ëm eng Milliard gekierzt ginn.
Direkter soll vum President genannt ginn
Weider sollten de Propose vum rietsen Deputéierten no d'Chaînë France 5 a France 2 matenee fusionéiert ginn, wärend d'France 4 komplett verschwanne soll.
De franséische President soll iwwerdeems kënnen d'Direkteren oder d'Directricë vun den ëffentlech-rechtleche Medie bestëmmen.
An de franséische Medie gëtt iwwerdeems d'Manéier an d'Ausdrocksweis vum Alloncle staark kritiséiert: Am Rapport wiere vill perséinlech Attacken a Falschinformatiounen.