“Les Pieds sur terre” ass eng Emissioun, déi schonn zanter 2002 all Dag op France Culture ze héieren ass. Dat originellt um Format: et ass e Reportage ouni Commentaire, opgebaut also just op den Aussoen an Temoignagë vun de Gespréichspartner. D'lescht Woch gouf an deem populäre Format eng Episod diffuséiert, déi komplett vun der Kënschtlecher Intelligenz geschriwwen an ageschwat gouf.
"Les naufragés du téléphérique" war deem säin Titel, an do hunn zwou Persounen ee fir si ganz schrecklecht Erliefnis beschriwwen, nämlech wéi si puer Stonne laang, héich iwwer dem Buedem, agespaart an enger Seelbunn festsouzen, déi wéinst enger Pann ënnerwee hänke bliwwe war.