Iwwer 8 Stonne gouf gëschter um Donneschdeg am Senat gestridden. D’Gauche huet alles probéiert, fir den Debat ze bremsen an et net zu engem Vott kommen ze loossen. Déi lénk Parteie geheien der Kulturministerin Rachida Dati an der Droite fir, dëse Projet ouni den néidegen Debat wëllen duerchzeboxen.
Nodeems et gëschter zu kengem Vott koum, geet d’Sëtzung haut weider an dat ënner Zäitdrock, well haut theoretesch de leschten Dag virun der Summerpaus ass. Eng Partie Senateure soten awer schonn, si géingen noutfalls och de Weekend weidermaachen.
Eenzege Wee, déi Ëffentlech-rechtlech ze retten?
D’Reform gesäit vir, datt déi ëffentlech Medien alleguer an enger eenheetlecher Holding mam Numm “France Médias” zesummegeluecht ginn. Der Rachida Dati no wier dat déi eenzeg Méiglechkeet déi ëffentlech Medie finanziell iwwer Waasser ze halen a se géigeniwwer private Châinen an digitale Plattformen ewéi Netflix konkurrenzfäeg ze maachen.
France Télévisions, Radio France an den INA kritiséieren dës Pläng awer a fäerten, datt et zu enger Reduzéierung vun Aarbechtsplazen a Programmer géing kommen. Zënter dem 30 Juni leeft hei och eng Streikwell géint dëse Projet. Haut sinn zum Beispill Deeler vum Internetsite a gewëss Radiosprogrammer vu Franceinfo vum Streik betraff.
Och wann et am Senat eng Majoritéit fir dëse Projet gëtt, muss dësen och nach duerch d’Assemblée Nationale. Hei war de Projet an enger éischter Lecture rejetéiert ginn.