Deen haut 65 Joer alen Ex-Fussballprofi soll vun 2009 bis 2013, mat Hëllef vun engem anere Beschëllegten, eppes méi wéi eng Millioun Euro vu Privatleit verontreit hunn. Den Affer gouf bei engem Investissement e Rendement vun ëm déi 6 Prozent an Aussiicht gestallt. Um Enn waren de Leit hir Suen awer zum gréissten Deel fort.
Den Theo Malget huet gëschter ënner anerem erzielt, wéi et zu deene Finanzgeschäfter koum.
Theo Malget hätt net matkritt, datt Geschäfter net méi gutt lafe géifen
Hien hätt fir d’éischt engem däitsche Geschäftspartner säin décken Immobilieportefeuille restrukturéiert, esou den Ex-Fussballer; duerno wär et mat héich spekulative Produite vun enger Finanzgesellschaft virugaangen. Seng Roll wier et gewiescht, Clienten dofir ze fannen, an de Matugeklote wier 2009 deen éischte gewiescht. Hien hätt deem säi Vertrauen net wëlle verletzen an un de Projet gegleeft, huet den Theo Malget betount. De Rendement hätt hien op Grond vu viregte Performancë festgehalen.
2009 bis 2011 hätt et reell Performancë ginn, mee duerno wier dat net méi de Fall gewiescht. Dat hätt hien awer net méi matgedeelt kritt, well sech seng Geschäftspartner net méi bei him gemellt hätten.
De President vum Geriicht wollt doropshi wëssen ...
"Firwat hutt Dir dann net d’Wourecht gesot, datt et an d’Box gaangen ass?"
Dem Ugeklote seng Replik dorop war:
"Well ech gehofft hunn, eng Léisung ze fannen, mee ech hu keng fonnt. Et war och praktesch näischt méi do!"
Zweete Beschëllegten hätt dem Ex-Profi vertraut
Den zweete Beschëllegten huet erkläert vum Theo Malget fir en Investissement kontaktéiert ginn ze sinn. Deen 73 Joer ale Mann wollt eppes, wou d’Kapital sécher wier. 2009 hätt hien dunn e Kontrakt ënnerschriwwen.
"Wosst Dir näischt vun de Virstrofe vum Här Malget?"
Dat huet de Riichter gefrot.
"Nee!", war dem Mann seng Äntwert dorop. D’Geschäft mam Ex-Fussballer hätt op Vertrauen zum Theo Malget baséiert. Wann hien dat Ganzt haut betruechte géif, wier et en onduerchsiichtegt Konstrukt gewiescht. Den Ex-Profi hätt ëmmer versprach, datt d’Sue kéimen, an hien hätt dem Theo Malget, Zitat, "Honnert prozenteg vertraut".
Dëse Prozess geet en Donneschdeg virun.