Konkret geet et ëm en Ivorer, dee mat 18 Joer aus der Côte d'Ivoire op Lëtzebuerg komm ass, fir fir de Swift ze spillen. Dem Veräin vum Holleschbierg gëtt virgeworf, dem Spiller kee Salaire bezuelt ze hunn. Doriwwer hat de Quotidien de Moie bericht.
Swift hofft de Punktofzuch nach drécken ze kënnen
Wat de Punktofzug fir d’nächst Saison ugeet – deen Hesper och wéinst onbezuelte Salairë krut – hätt de Fernand Laroche léiwer gehat, datt d’FLF bis no der Saison mat der Annonce gewaart hätt.
Et géif een awer elo de Championnat nach fäerdeg spillen an och hoffen d’Strof ze reduzéieren, esou nach den Hesper President.
Et wier awer net méiglech gewiescht, bis no der Saison mat der Annonce ze waarden, sot den FLF-Jurist Marc Diederich eis op Nofro hin. D’Fussball-Federatioun hätt net kënne waarden, well soss en Delai vun der europäescher Federatioun UEFA verpasst gi wier, an déi géif esou eppes net acceptéieren.